An der Ukrain ass et nees zu heftege russeschen Ugrëffer komm an d'USA wëll d'Ukrain mat weideren Hëllefen ënnerstëtzen.

Déi ukrainesch Arméi huet russesch Ugrëffer op zivil Infrastrukturen an de Stied Kupiansk an Zolotschiw an der Regioun Charkiw gemellt. An och an der Regioun Donezk koum et zu weideren heftege Kämpf. Hei huet de Gouverneur matgedeelt, dass déi ganz Frontlinn attackéiert gëtt. Des Weidere probéiert déi russesch Arméi a Lyman virzedrängen. Dës Géigend gouf réischt am November vun der ukrainescher Arméi zeréckeruewert.

Des Weidere wëllen d'USA d'Ukrain mat weideren 275 Milliounen Dollar fir d'Verdeedegung ënnerstëtzen an dobäi kommen nach weider Waffen, Munitioun an Ausrëschtung, dorënner och ee moderne Loftofwiersystem. Russland huet nämlech bei senge leschten Ugrëffer verstäerkt Dronen agesat. Zënter dem Ufank vum Krich am Februar huet d'USA d'Ukrain mat méi wéi 19,3 Milliarden Dollar ënnerstëtzt.