Fir e Méindeg gëllen zwou verschidde Wiederwarnungen.

An zwar hat Meteolux am Ufank dräi Alerte Jaune erausginn, elo sinn et der just nach zwou. Déi éischt gëllt tëscht 7h00 an 14h00. Bei 400 bis 500 Meter Héicht gëtt Schnéi tëscht 2 a 4 Zentimeter erwaart. Iwwer 300 Meter kann ee mat engem Zentimeter Schnéi rechnen.

Et sollte staark Wandstéiss bis zu 75 km/h tëscht 15h00 an 20h00 owes erwaart ginn, dat ass awer elo net méi de Fall. A bis Mëtternuecht gëllt dann nach eng Héichwaasserwarnung fir dat ganzt Land.

RTL

© Meteolux