
© Eldoradio
Nodeems een Täter eng Bijouterie iwwerfall huet, ass dësen zu Déifferdeng op der Flucht. Police sicht an deem Kader no Zeien.
Wéi d'Police matdeelt, gouf den Dënschdegmëtte géint 16:50 Auer an der Avenue Charlotte eng Bijouterie iwwerfall. Dobäi goufen 2 Mataarbechter liicht blesséiert. Den Täter ass no der Dot geflücht.
D'Police sicht no Zeien, déi den Täter gesinn hunn oder eppes zum Täter wëssen. Dësen ass vum wäissen Hauttyp an tëschent 60 a70 Joer al. Hien ass zirka 1,80 Meter grouss a vun normaler Statur, mat kuerz raséierten donkelen Hoer a mat engem kräftegem Dräi-Deeg-Baart. Hien hat eng Aart Liesbrëll a gro Kleeder un an huet däitsch a franséisch geschwat. Besonnesch opfälleg um Täter war, dass dëse keng ënnescht Zänn hat.