D'Police mellt ee brutalen Iwwerfall an der Stad um Lampertsbierg den Donneschdegmoien.

Wéi d'Police matdeelt, ass et den Donneschdegmoie géint 6:45 Auer zu engem Iwwerfall um Lampertsbierg an der Stad op eng Fra komm. Hei huet den onbekannten Täter der Fra zou Täschen aus der Hand gerappt. Doropshin ass d'Fra op de Buedem gefall an den Täter ass Richtung Glacis geflücht.

Eng Sichaktioun nom Täter ass negativ verlaf an eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.