Dat geet aus den Zuele vum Eurostat ervir.

Den héchsten duerchschnëttleche Brutto-Joresgehalt 2021 zu Lëtzebuerg louch bei 72.200 Euro. Op der zweeter Plaz läit Dänemark mat engem Joresgehalt vun 63.300 Euro an op Plaz 3 Irland mat 50.300 Euro. Am Euroraum louch den Duerchschnëtt vun de Gehälter 2021 bei 37.506 Euro. Weider geet aus den Eurostatzuelen ervir, dass den Duerchschnëttsgehalt hei am Land iwwert déi lescht 10 Joer ëm insgesamt 21% geklommen ass. A kengem anere Land an der EU ginn esou héich Gehälter bezuelt wéi zu Lëtzebuerg.