De Samschde koum et op engem Parking vun engem Supermarché zu Capellen zu enger Ausernanersetzung tëschent engem Mann an enger Fra.

D'Police sicht no Zeien, déi eng Ausernanersetzung de Samschden 21.01.2023 géint 18:00 Auer op engem Parking vun engem Supermarché am Industriegebitt "Parc d'Activités Capellen" gesinn hunn. Hei ass et zu engem Sträit tëschent engem Mann an enger Fra komm.

All Informatiounen iwwert de Virfall an déi zwou Persounen si fir d'Police vu Capellen-Stengefort ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.