An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police e Brand an engem Gebai zu Uespelt gemellt.

An dat géint 3h00 an der Strooss "op der Gare". Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, stoung dat eidelt Haus komplett a Flamen. D’Pompjeeën hate scho mat de Läschaarbechten ugefaangen an nodeems de Brand ënner Kontroll war, konnt verséchert ginn dass keen am Gebai war. Brandstëftung kann net ausgeschloss ginn, esou d’Police. D’Brandsektioun vun der Police këmmert sech ëm d’Ënnersichung. Et gouf e Protokoll ausgestallt an Ermëttlungen an d’Weeër geleet.