De Méindegowend koum et zu zwou weidere Schéissereien an den USA: eemol a Nordkalifornien an eemol an Iowa.

Am Norde vu Kalifornien goufen op mannst siwe Persounen erschoss. De presuméierten Täter huet fir d'éischt op engem Bauerebetrib fir Champignone véier Persounen erschoss an huet dono nach dräi Persounen an der Speditiounsfirma erschoss. D'Motiv ass hei nach net bekannt.

An zu Iowa sinn zwee Schüler bei enger Schéisserei an enger Schoul erschoss ginn an eng Persoun gouf blesséiert. Kuerz drop konnt d'Police dräi Verdächteger an engem Auto stoppen. Hei soll et sech ëm ee prezisen Ugrëff op dës Schoul handelen. Dës Schoul këmmert sech ëm vulnerabel Kanner.

Eréischt de Sonnden ass et zu enger Schéisserei an enger Disko a Kalifornien komm. Hei sinn 10 Persoune gestuerwen.