Hausgrillen a Larve vum Käreschimmelkeefer dierfen an Zukunft am Iessen dra sinn.

Hausgrillen a Käreschimmelkeefer mussen awer zu Polver veraarbecht ginn ier se an d'Iessen dran dierfen. D'EU stuuft d'Consommatioun vun de Keefer als onbedenklech an a gesäit hei eng Chance fir d'Ernierung. Dëst ass net déi éischt Insektenaart, déi een an eisem Iesse fënnt. De giele Mielwuerm an Heesprénger si scho méi laang an der EU als Liewesmëttel verbreet.