
© JOE RAEDLE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Conseil supérieur des maladies infectieuses huet sech net fir eng systematesch 5. Corona-Impfung vun der gesamter Bevëlkerung ausgeschwat.
De Conseil supérieur des maladies infectieuses seet, dass eng 5. Corona-Impfung net néideg ass. De CSMI seet och kloer, dass vulnérabel Persounen, déi schonn een zweete Rappel, dat heescht eng 4. Impfung, mat engem Vaccain monovalent, dat heescht ouni Omicron, kruten, mussen sech net direkt eng weider Kéier impfen loossen. Dat ëntwert d’Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Claude Wiseler. Des Weideren erënnert d'Gesondheetsministesch un d'Recommandatioun vun der 4. Impfung fir Persounen iwwer 60 Joer a vulnerabel Persounen.
Klickt hei fir déi ganz parlamentaresch Fro mat der Äntwert ze liesen.