
© Pexels
2021 kruten zu Lëtzebuerg 513 Fraen eng Mastektomie gemaach.
Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro. An deenen Zuele goufe just komplett a partiell Mastektomie gezielt, déi a Relatioun mat engem Broschtkriibs waren. D’Ministesch huet och ënnerstrach dass ëmmer méi séier eng chirurgesch Rekonstruktioun vun der Broscht gemaach gëtt. Am Joer 2021 goufen zu Lëtzebuerg 223 Rekonstruktioune vun der Broscht vun der CNS rembourséiert. 137 verschidde Patientinne ware concernéiert.