Presuméiert Brandstëfter hunn den Zuchtrafic op der Paräisser Gare de l’Est gestoppt.

E Feier an engem Kabelschacht huet zu enger grousser Signalstéierung gefouert. Dat ganzt ass en Dënschdeg de Moie geschitt an huet den Trafic dee ganzen Dag ënnerbrach, esou déi franséisch Bunn SNCF. Et goufe ganz vill Annulatiounen a Verspéidungen. Et wier en inakzeptabelen Akt vu Vandalismus, esou d’Bunn. Dem franséische Verkéiersminister no wier et och nach net kloer ob den Zuchverkéier me Mëttwoch nees opgeholl ka ginn. Wann ee vu Lëtzebuerg op Paräis fiert, kënnt den Zuch jo op der Gare de l’Est un.