De Sportminister Georges Engel huet en Dënschdeg de Programm fir 2023 bis 2027 inclus an der Chamber virgestallt.

135 Milliounen Euro gi fir déi grouss sportlech Infrastrukture virgesinn. Dës gi fir de Bau a fir d’Renovatiounen zur Verfügung gestallt. 35 potentiell Projete wäerte subventionéiert ginn. An dësem Programm gëtt dann och e Modulesystem agefouert. All Module huet dann e Budget, dee feststeet.