Wéinst engem Streik um Berliner Fluchhafe wäerte keng Fligeren op Berlin a vu Berlin aus fléien.

Wéinst engem Streik vun der Gewerkschaft ver.di gëtt et um Mëttwoch kee Fluchverkéier zu Berlin. Ronn 6.000 Persoune streiken hei wéinst Tarifkonflikter. Et gëtt ënner anerem ëm méi an der Paie gefuerdert fir Mataarbechter vun de Fluchgesellschaften an dem Buedempersonal. Des Weidere geet et och ëm méi héich Zouschléi bei der Loftsécherheet.

Ronn 300 Passagéierflich falen dowéinst aus. Betraff si ronn 35.000 Passagéier. Och Fligeren déi vu Berlin op Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerg op Berlin sollte fléien si vum Streik betraff.

RTL

© Screenshot Luxairport