D'Weltënnergangsauer steet just nach 90 Sekonne viru Mëtternuecht.

Opgrond vun der Atombedroung vu Russland gouf d'Weltënnergangsauer 10 Sekonnen no vir gestallt. Domat huet dat amerikanescht Magasinn vun den Atomfuerscher déi symbolesch Zäit bis zum Ënnergang vun der Welt déi éischte Kéier zënter dräi Joer geännert. Vir d'lescht huet d'Auer nach 100 Sekonne bis zum Weltënnergang ugewisen. D'Gefor, dass sech d'Mënschheet wéinst engem Atomkrich oder Klimawandel selwer ausläscht, ass esou grouss wéi nach ni virdrun.