De Kulturministère ënnerstëtzt aktuell 250 Prozent méi Veräiner wéi 2018.

2018 goufen nach 49 Veräiner duerch eng Konventioun vum Kulturministère ënnerstëtzt. 2023 sinn et 124 Veräiner, déi vun esou enger Konventioun profitéieren. Dës Hausse ass méiglech wéinst enger Hausse vum Budget fir de Kultursecteur. Dësen ass vu 35 Milliounen Euro am Joer 2018 op 72 Milliounen Euro am Joer 2023 geklommen. Zemools Esch22 hätt bei dëser Hausse vill bäigedroen, esou der Kulturministesch Sam Tanson hier Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Djuan Bernard.