D'Police sicht no Zeien, déi een Accident tëschent zwee Autoen zu Capellen gesinn hunn.

Am Kader vun engem Accident op der Kräizung vun der Route d'Arlon an der Rue de la Gare zu Capellen sicht d'Police no Zeien. Hei ass de Méinden 23.01.2023 géint 16:40 Auer zum Accident komm.

Beim Accident war een Auto vun der Mark Opel (Modell Meriva) an een Auto vun der Mark Land Rover (Modell Defender) an der Mëtt vun der Kräizung kollidéiert. Eng Persoun gouf beim Opprall blesséiert.

D'Police sicht Informatioune fir genee ze klären, wéi et zum Accident konnt kommen. All Zeie sollen sech bei der Police vu Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu mellen.