Aktuell huet Microsoft mat Problemer weltwäit ze kämpfen.

De Mëttwochmoien mellt Microsoft Problemer weltwäit an och hei zu Lëtzebuerg kann et zu Problemer mam Internetdéngscht kommen. Ënner anerem sinn Applikatioune wéi Outlook an Teams betraff. Wat den Ausléiser vun dësem Problem ass, ass nach net gewosst. Microsoft sicht awer no der Ursaach an och no enger Léisung.