En Dënschdeg gouf der Police kuerz virun 23h00 eng Kläpperei an der Stroossbuerger Strooss an der Stad gemellt.

Dobäi gouf eng Persoun mat engem Messer blesséiert. Den Täter ass da geflücht. Hie konnt awer méi spéit vun der Police op der Stater Gare fonnt a gestallt ginn. Déi blesséiert Persoun ass an d’Spidol komm an déi aner Leit sinn op de Policebüro komm. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

En Dënschdeg am Nomëtte gouf der Police dann eng Persoun gemellt, déi sech an der Hollerecher Strooss an der Stad op enger Tankstell aggressiv verhalen hat. D’Persoun hätt virun der Dier randaléiert a konnt méi spéit an der Stroossbuerger Strooss fonnt ginn. Hei gouf et dann eng verbal Ausernanersetzung mat engem Passant. De Mann gouf medezinesch ënnersicht an duerno an den Arrest bruecht. Da gouf eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht engem Mann an enger Fra géint 23h00 an der Rue du Fort Neipperg gemellt. D’Police huet festgestallt dass dës Persoune staark alkoholiséiert waren. De Mann konnt sech net berouegen a war aggressiv, dowéinst ass hien an den Arrest komm.

Bei engem Concert en Dënschdeg den Owend an der Avenue du Rock’n’Roll um Belval goufen eng Rei Handye geklaut. Et waren e puer Beamten op der Plaz an et goufen eng Unzuel u Plainten entgéintgeholl. Ermëttlunge goufen an deem Kader lancéiert. Weider Detailer huet d’Police net matgedeelt.