An der Nuecht op e Mëttwoch ass et zu engem Brand zu Uewerwampech komm.

Eng Scheier war betraff, déi direkt nieft engem Wunnhaus war. Wéi d’Pompjeeën op d’Plaz koumen, waren d’Flame schonn am gaangen op d’Wunnhaus eriwwerzegoen. 4 Centre d’Incendies hu missen intervenéiere fir d’Wunnhaus gréisstendeels ze schützen. Et gouf och keng Persoun blesséiert.