
© MUHAMMED SELIM KORKUTATA / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
De Luc Frieden wier als CSV-Spëtzekandidat fir d’Chamberwale virgeschloe ginn.
Dat geet aus RTL-Informatiounen ervir. Aktuell ass de Luc Frieden ënner anerem President vun der Chambre de Commerce. De Choix muss awer am Partei-Rot validéiert ginn. De Claude Wiseler hat jo virun e puer Deeg gesot dass hien net als CSV-Spëtzekandidat kandidéiere géif.