An engem Regionalzuch an Däitschland ass et e Mëttwoch zu enger déidlecher Messerattack komm.

Zwou Persoune sinn ëm d’Liewe komm a 5 goufe blesséiert. E Mann wier op d’Reesender mat engem Messer lassgaangen. Den Zuch war vu Kiel a Richtung Hamburg ënnerwee, esou d’Inneministesch vu Schleswig-Holstein. De Mann wier dann zu Brokstedt festgeholl ginn. D’Hannergrënn vun der Messerattack wieren net kloer. Mee d’Gare an dëser Stad gouf zougemaach. Den Ugräifer selwer wier och blesséiert ginn, esou d’Spriecherin vun der Police. Den Täter wier tëscht 20 an 30 Joer al.

Update: D'Ermëttlungen iwwert een Hannergrond sinn nach am gaangen. Den 33 Joer ale presuméierten Täter gouf réischt virun e puer Deeg aus dem Prisong entlooss. Informatioune vun engem däitsche Sender no, koum de Mann virun 8 Joer aus dem Gaza an Däitschland. Hiweiser op politesch Motiver sinn aktuell nach keng bekannt. Bei senger Verhaftung soll hie verwiert gewierkt hunn. D'Identitéite vun allen Affer stinn och nach net fest.