Den 22. Januar gouf der Police e presuméierte Fall vu Mordmenacen a Stalking gemellt.

Fir d’éischt hat d’Sich nom Täter keng Resultater bruecht. Mee dunn konnt hien den 23. Januar owes an der Stad lokaliséiert ginn a vun der Police gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an de 24. Januar ass hie virun den Untersuchungsriichter komm. Dësen huet en Haftbefeel géint de Mann ausgestallt.