
© JOAO LUIZ BULCAO / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Eng kënschtlech Intelligenz-Software huet en Droit-Examen an den USA gepackt.
Hei handelt et sech ëm d’Software ChatGPT. Den Exame gouf op der Uni vu Minnesota gemaach. D’Software huet Aufgaben an de Beräicher Verfassungsrecht, Deliktrecht a Steierrecht geschriwwen. D’kënschtlech Intelligenz huet och richteg am Examen zitéiert. Bei oppene Froe war ChatGPT net esou kompetent, an och an der Mathe waren d’Resultater net sou gutt.