En Donneschdeg gouf en Urteel an enger Affär ronderëm eng Crèche zu Bous gesprach.

RTL-Informatiounen no ass d’Direktesch vun der Crèche « Léiwe Léiw » zu 36 Méint Prisong verurteelt ginn, dovunner 24 Méint mat Sursis. Hier gouf nämlech Kierperverletzung bei 15 Kanner an 3 fréiere Mataarbechter virgeheit. Och eng Geldstrof vun 3.000 Euro gouf decidéiert. Eng Partie Civile kritt e Schuedenersatz vun 1.000 Euro, eng aner e Schuedenersatz vun 330 Euro. D’Fäll vu Kierperverletzung wieren tëscht 2014 an 2017 geschitt.