
© Eldoradio
Eng Petitioun, déi Elteregeld fuerdert, gëtt an der Chamber debattéiert.
D’Zil vun der Petitioun 2512 ass dass méi Elteren entscheede kënnen hir Kanner ze betreien. An dat amplaz dass d’Kanner an d’Institutioune kommen. D’Petitioun huet déi néideg 4.500 Ënnerschrëften kritt. Méi genee krut se 5.096 Ënnerschrëften, déi vun der Petitiounskommissioun validéiert goufen. Den Datum vun der Debatt steet nach net fest.