
© Unsplash
An der Route du Vin zu Schengen ass et en Donneschdeg de Moien zu engem Aarbechtsaccident komm.
En Daachdecker ass ronn 7 Meter vun engem Baugerëscht an d’Déift gefall. D’Affer gouf blesséiert an d’Spidol bruecht mee wier net a Liewensgefor, esou d’Police. D’ITM gouf iwwer den Accident informéiert an ass op d’Plaz vum Accident komm.
E Mëttwoch den Owend gouf an der Rue de la Gare zu Elleng e Mann brutal iwwerfall. Éischten Informatiounen no hätten dräi Täter d’Affer mat Schosswaffe menacéiert. D’Täter si mam Won vum Affer duerno geflücht. D’Gefier konnt méi spéit vun der Police erëmfonnt ginn. Mee d’Täter selwer goufen nach net fonnt. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz an d’Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.