Den "2023 BU"-Asteroid misst e Freideg um 1h27 laanscht d’Äerd fléien, esou d’NASA. 

En Asteroid flitt an der Nuecht op e Freideg ongewéinlech no laanscht d’Äerd. An um 1h27 wäert en dann 3.600 Kilometer vun der Südspëtzt vu Südamerika ewech sinn. Dat ass deen nooste Punkt par Rapport der Äerd. Der NASA no besteet also kee Risiko vun engem Aschlag. Et handelt sech awer ëm ee vun den nooste Rapprochementer un d’Äerd, dee jeemools gemooss gouf. Eréischt virun e puer Deeg gouf dësen Asteroid iwwerhaapt entdeckt. An dat vun engem Astronom op der Krim.