
© Eldoradio
Déi éischt Etapp vum Iwwerschaffe vum neie Gemengegesetz ass ofgeschloss.
Wéi den Inneministère an engem Communiqué matdeelt, gouf déi éischt Etapp vum Iwwerschaffe vum neie Gemengegesetz ofgeschloss. Domat gëtt de neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun Realitéit. Dat heescht d'Gemengenautonomie gëtt domat verstäert an erlaabt et dem Stat, seng Roll als Partner vun de Gemengen ze stäerken an ass domat net méi just an der Roll vum Kontroller. Sou mussen zum Beispill manner Dossieren dem Stat virgeluecht ginn.
Liest hei de ganze Communiqué:
Éischt Etapp vum Iwwerschaffe vum Gemengegesetz ofgeschloss: Den neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun gëtt Realitéit (31.01.2023)
Communiqué par : ministère de l’Intérieur / Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol)
Um Dag virum Akraafttriede vun den neie Regelen a Saachen Tutelle administrative iwwert d’Gemengen an déi hinnen assimiléiert Entitéiten hunn d’Inneministesch an de President vum Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol) op enger Pressekonferenz d’Schlësselelementer ervirgehuewen, déi zum Wuel vun de Gemengen a vum Inneministère méi e modernen, transparenten an digitale Verwaltungsprozess aféieren, dee bei d‘Leitmotiv „mateneen fir eng modern Gemeng“ passt. D’Reform verstäerkt domat d’Gemengenautonomie an erlaabt et dem Stat, seng Roll als Partner vun de Gemengen ze stäerken, fir net méi just der Roll vum Kontroller z‘entspriechen.
Eppes méi wéi e Mount nom eestëmmege Vote dozou an der Chamber hunn d’Taina Bofferding an den Emile Eicher un d’Haaptziler vun där neier, méi effikasser a méi transparenter Iwwerwaachung vun der Gemengegestioun erënnert an an engems hir Virdeeler ervirgestrach: eng Reduktioun vun der Unzuel un Dossieren, déi der statlecher Kontroll virzeleeë sinn, d’Aféiere vu richtegen Iwwerwaachungsprozeduren, dorënner kloer Délaien en vue vun enger besserer juristescher Sécherheet, an, net zulescht, d‘Mise en place vum e-MINT, enger Plattform fir den Austausch vun elektroneschen Dokumenter. Dës Verbesserungen zéien eng Vereinfachung an eng Accélératioun vu Verwaltungsprozeduren no sech, déi et de Gemengen ë.a. erlaben, fir vun enger besserer Verwaltungsorganisatioun ze profitéieren.
Et sief drun erënnert, dass d’Iwwerschaffe vum Gemengegesetz vun 1988 a säin Upassen an déi heiteg Zäiten eng Prioritéit am Koalitiounsaccord 2018-2023 waren. Et gouf mat Hëllef vun engem participative Prozess realiséiert, deen net nëmmen d’Membere vu Gemengeréit a vu Comitée vu Syndicaten implizéiert huet, mä och AgentInne vun de Gemenge wéi och BiergerInnen.
D’Taina Bofferding ass dovun iwwerzeegt, dass dat déi richteg Method war: „Jiddereen huet iwwert dee Wee seng Verbesserungsvirschléi kënnen abréngen, a verschidde Standpunkten konnten a Betruecht gezu ginn. D’Reform bréngt wichteg Fortschrëtter a puncto Verwaltungseffikassitéit mat sech, um lokale Plang, awer och um statlechen Niveau. Fir zu deem Resultat ze kommen, huet ee missen nolauschteren, verstoen an d’Besoinen, déi vun all de Participanten ausgedréckt goufen, ëmsetzen. Fir dës Reform zu engem Succès ginn ze loossen, sinn ech der Meenung, dass dee participative Prozess absolut néideg war.“
Den Emile Eicher huet mat Zefriddenheet festgestallt, dass d’Gesetz a groussen Zich de Propositioune vum Syvicol Rechnung dréit an zur Gemengenautonomie an zur Simplification administrative bäidréit. Hie sot weider, dass d’Reform vun der Tutelle administrative nëmmen en éischten Deel vun engem méi déifgräifenden Iwwerschaffe vum Gemengegesetz duerstellt, an huet d‘Disponibilitéit vum Syvicol ënnerstrach, fir d’Aarbechten, wat déi aner Volete vun der Reform ugeet, virunzeféieren.