Et ass eng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 800 PCR-Tester waren der 38 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Dënschde matgedeelt huet.

Iwwerdeem ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 1.211.

Am Moment leien 3 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner eng op der Intensivstatioun.