Et wëll ee keen allgemengt Verbuet vu Smartphonen an de Schoulen ëmsetzen.

Wéi de Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fred Keup äntwert, well d'Regierung keen allgemengt Smartphone-Verbuet an de Schoule fërderen. Weider heescht et, dass de Smartphone hautzedaags net méi ewechzedenken ass an sech reegelméisseg nei Applikatiounen a Funktionalitéite fannen. Déi wichteg fir am alldeegleche Liewe sinn. Ee responsabelen Ëmgang mam Smartphone ass dofir vu grousser Bedeitung. An am Enseignement fondamental oder secondaire kënnen d'Schoulen hiert dozou bäidroen, de Kanner a Jonken ee gesonden Ëmgang ze vermëttelen.