
Bis zu 147 Psychotherapie-Seance kann ee vun elo un iwwer 10 Joer rembourséiert kréien.
Vum 1. Februar un ginn d’Psycho-Therapien deelweis vun der Gesondheetskeess rembourséiert. Erwuessener déi verséchert sinn, kréie 70 Prozent vum Tariff vun 144 Euro zeréck. Deemno kascht eng Séance dem Patient nach ronn 44 Euro. Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer kréien d’Séance ganz vun der CNS rembourséiert.