A Frankräich gouf en Dënschdeg géint déi ëmstridde Pensiouns-Reform gestreikt.

Iwwer 1,2 Millioune Leit sinn op d'Strooss gaange fir géint déi geplangte Pensiouns-Reform ze demonstréieren. Dat sinn der méi wéi um éischte Streik Mëtt Januar.

Nom zweete Streikdag hunn d’Gewerkschaften dann zwee weider Streikdeeg annoncéiert, nämlech den nächsten Dënschdeg an den nächste Samschdeg.