Gestreikt gëtt fir méi héich Salairen. Och fir déi nächst Deeg goufe weider Streiks annoncéiert.

A Groussbritannien muss een um Mëttwoch mat engem vun de gréisste Streiks zënter Joerzéngte rechnen. A sämtleche Secteuren wëllen d’Leit nämlech hir Aarbecht néierleeën a fir méi héich Salairen demonstréieren. Betraff sinn ënnert anerem d’Educatioun, den ëffentlechen Déngscht an den ëffentlechen Transport. Vill Schoule bleiwen dowéinst um Mëttwoch a Groussbritannien zou. Och déi nächst Deeg soll weider gestreikt ginn, esou heescht et.