Et ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 687 PCR-Tester waren der 67 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeem ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder op 1.211.

Am Moment leien 5 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner eng op der Intensivstatioun.