Zënter 2018 sinn 30 Accidenter op der Streck A13/rout Bréck geschitt.

Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro. Et wier och net geplangt eng zousätzlech Beliichtung op der Héicht vum Chantier opzestellen. Et wäerten awer méi Reflekteren op déi mobil Leitplanken installéiert ginn. De Minister huet och matgedeelt dass de Chantier op dëser Streck viraussiichtlech am spéide Fréijoer 2023 fäerdeg wäert sinn.