D'Diskussiounen iwwer esou e Präisdeckel wieren intensiv tëscht den EU-Memberstaaten.

E Sonndeg soll an Europa e Präisdeckel fir russesch Uelegproduiten a Kraaft trieden. Beispiller sinn hei Diesel oder Mazout. Mee d’Héicht vum Präisdeckel war nach e Freideg kontrovers. D’Vertrieder vun den EU-Memberstaaten sinn amgaangen iwwer de Präis fir Diesel oder Kerosin vun 100 US-Dollar pro Barrel ze beroden. Fir de Mazout soll de Präis bei 45 Dollar leien. Russland hat dann d’EU gewarnt esou en Präisdeckel anzeféiere well dat zu Turbulenzen an den Energiemäert féiere kéint.