Al Wierker wëll en och méi laang lafe loosse, wéi virgesinn.

An dat soll bis 2035 geschéien. De Macron hat déi nuklear "Wiedergeburt" virun engem Joer ugekënnegt. Elo drängt de franséische President, dass seng Pläng séier ëmgesat ginn. Dat erneiert Ukuerbelen vun der Atomkraaft wier eng prioritär Baustell fir Frankräich, huet et op engem Treffe mat verschidde Ministeren um Freide geheescht. De Macron schreckt och net dovun of, d’Reaktere méi laang lafen ze loossen, wéi virgesinn. Dat kéint sech och op Cattenom auswierken, wou dës Woch eréischt e Reakter erëm no méintelaanger Zwangspaus un d’Lafe bruecht ginn ass.