Den Elon Musk gouf vum Virworf vu Bedruch bezüglech Tweets fräigesprach.

2018 hat de Musk op Twitter zwee Posts verëffentlecht, dass hien Tesla vun der Bourse huele géing. Deemools huet dat zu staarke Schwankunge vum Cours vun der Aktie vun Tesla gesuergt. Investisseure haten dem Musk doropshi virgeheit, dass hie gelunn hätt fir de Präis vun den Aktien ze manipuléieren an hien ugeklot. Beim Prozess ass een no zwou Stonnen awer zur Konklusioun komm, dass net nogewise ka ginn, dass de Musk fir d’Verloschter vun den Investisseure responsabel wier.