Vu Pentagon heescht et, dass e méiglechen zweete Spionage-Ballon gesi gi wier.

Dat nodeems um Freide schonn esou e Ballon iwwert dem Nordweste vun Amerika gesi gi war. Zu deem zweete Ballon huet e Spriecher vum amerikanesche Verdeedegungsministère awer net vill Detailer bekannt ginn. Et gi keng Donnéeë, wou genee de Ballon iwwert Latäinamerika gesi ginn ass.