
© Eldoradio
Zwee presuméiert Abriecher konnten zu Biergem um Méinde festgeholl ginn.
Am Laf vum Méindegmoie sinn enger Policepatrull zwou Persounen opgefall, déi sech opfälleg verhalen hunn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass d'Männer Abréchsmaterialien dobäi haten. Am Kader vun den Ermëttlunge gouf der Police een Abroch zu Biergem gemellt.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Abriecher festgeholl a sinn de Méindegmëtten nach virun den Untersuchungsriichter komm.
D'Police technique war och wéinst der Spueresécherung op der Plaz. Déi geklaute Saache sinn un d'Besëtzer zeréckgaangen.