
© JOEL SAGET / AFP
D'Klappjuegd an d'Beweegungsjuegd sinn déi effektiivste Mëttele fir Wëllschwäin ze bejoen.
Wéi d'Joëlle Welfring op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen äntwert, ass d'Klappjuegd aktuell deen effektiivste Wee fir Wëllschwäin ze bejoen. Déi si fir vill Schued op de Wisen a Stécker am Kader vun der nationaler Landwirtschaft responsabel.
Weider heescht et an der Äntwert, dass aktuell ee Gestiounsplang fir d'Wëllschwäin am Kader vun engem Aarbechtsgrupp ausgeschafft gëtt. Dësen hëlt verschidde Méiglechkeeten ënnert d'Lupp.
Des Weidere schreift d'Ministesch, dass den Asaz vu Nuechtziltechniken et erméiglechen ee bessere Schoss an der Dämmerung ofzeginn. Dëst féiert zu manner blesséierten Déieren an dat ass am Sënn vum Déiereschutz.
Klickt hei fir déi ganz parlamentaresch Fro mat der Äntwert ze liesen.