Et ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 162 PCR-Tester waren der 6 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Méinde matgedeelt huet.

Iwwerdeem ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 1.212.

Am Moment leien 8 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner keng op der Intensivstatioun.