
© Eldo
Wéi de CGDIS mellt gouf eng Persoun blesséiert.
An der Nuecht op en Dënschdeg koum et an der Retsch zu Rammeldang zu engem Hausbrand. Kuerz no 3h30 war nieft de Pompjeeën och de SAMU am Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert. Weider Detailer iwwer dëse Brand ginn et nach keng.