En Dënschdeg de Mëtten um 14h30 steet eng ëffentlech Sëtzung um Programm an der Chamber.

An zwar gëtt eng Gesetzespropos diskutéiert déi nei Prozeduren a Reegele soll aféiere wann e Minister ugesicht oder verklot gëtt. Hannergrond ass d'Affär "Gaardenhaischen" an där déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg verwéckelt war.

An enger Aktualitéitsstonn wäerten d’Deputéiert dann och iwwer d’Konsequenze vun der Corona-Pandemie op d’Organisatioun vun der Aarbecht schwätzen. D’Aktualitéitsstonn gouf vun der CSV ugefrot. Dat ganzt kann ee live um Site vun der Chamber verfollegen.