No de ganz uergen Äerdbiewen am tierkesch-syresche Grenzgebitt, ass d’Zuel vun den Doudesaffer an der Nuecht op en Dënschdeg geklommen.

An der Nuecht si ganz vill Doudesaffer dobäi komm, an de leschten ass elo dass iwwer 5.000 Persounen ëm d’Liewe komm sinn, an dat an deenen 2 Länner. Iwwer 3.300 Persoune sinn an der Tierkei gestuerwen an iwwer 1.500 a Syrien. An der Tierkei goufe 5.000 Gebaier zerstéiert.

No engem Äerdbiewe sinn d’Rettungsdéngschter jo ëmmer ënner Zäitdrock mee hei kënnt eng zousätzlech Schwieregkeet dobäi. D’Rettungsdéngschter hunn an der Nuecht bei ganz niddregen Temperaturen no Mënsche gesicht, déi eventuell iwwerlieft hätten. Et ass esou kal ass dass d’Sich no Iwwerliewende Persounen nach méi schwéier gëtt. Natierlech ass et dann och méi geféierlech fir Leit, déi drop waarden, gerett ze ginn. An der tierkescher Stad Gaziantep sinn d’Temperature bis op -5 Grad erofgaangen.

D’Vereenten Natiounen hu matgedeelt dass a Syrien och op d’mannst 224 Gebaier zerstéiert goufen. Den US-President Joe Biden huet an deem Kontext mam tierkesche President Erdogan telefonéiert fir Hëllef bereetzestellen.

De Moment sinn och iwwer 24.000 Retter am Asaz.

Ganz vill Länner, wéi natierlech och Lëtzebuerg, hunn hir Solidaritéit gewisen. Mee et hunn och vill Associatioune Spendenopriff gemaach wéi zum Beispill d’Rout Kräiz, CARE, Caritas an Unicef.

Organisatiounen, déi Spendenopriff maachen