E Méindeg den Owend gouf et e Police-Asaz am Europa-Quartier zu Bréissel.

D’Police gouf geruff well sech op d’mannst eng bewaffent Persoun net wäit vum Sëtz vun der EU-Kommissioun an engem Gebai verschanzt hätt. Ënner anerem war och en Helikopter stonnelaang am Asaz deen iwwer de Gebaier geflunn ass. Et goufen awer keng weider Infoen iwwer de Police-Asaz matgedeelt. En Donneschdeg ass zu Bréissel en EU-Sommet vun de Staats-a Regierungscheffen.