A Frankräich gëtt en Dënschdeg nees géint d’Pensiounsreform gestreikt.

Et handelt sech ëm den 3. Protestdag. Déi wichtegst Gewerkschaften hunn zesummen dozou opgeruff ze demonstréieren. De Pensiounsalter soll jo bis 2030 vun 62 op 64 Joer eropgesat ginn. Den Aarbechtsminister Dussopt sot dass d’Reform noutwenneg wier fir dass de Rentesystem iwwerliewe kéint.

Bei den éischte Protestdeeg am Januar ware jeeweils iwwer eng Millioun Mënschen op der Strooss.

En Dënschdeg wäerten also nees vill Zich a Busser ausfalen. Dat betrëfft dann och Trajeten a Richtung oder aus Richtung Lëtzebuerg. Hei muss een sech am beschten op de Plattforme vun der CFL an der SNCF informéieren.