
© Screenshot Bierger Initiativ Gemeng Dippech
Dat huet d’Biergerinitiativ vun der Gemeng Dippech an engem Communiqué matgedeelt.
De Chantier vum Contournement Dippech-Gare fänkt geschwënn un. 2018 gouf de Chantier schonn annoncéiert mee wier da 5 Joer méi spéit Realitéit. D’Biergerinitiativ fënnt dat erstaunlech dass dëse Projet kuerz virun de Gemengewalen nees un d’Rulle kennt. Dofir gëtt gehofft dass de Projet endlech realiséiert gëtt well d’Initiativ jorelaang Drock gemaach hätt.