Wéi d’Police matgedeelt huet gouf et en Dënschdeg e Brand zu Schëffleng an der Avenue de la Libération.

D’Strooss war wéinst dem Asaz vun de Rettungsdéngschter gespaart.

Méi spéit um Dënschdeg huet de CGDIS informéiert dass eng Holzstruktur an engem Haus gebrannt huet. Et war e Chantier. Am ganzen waren 80 Pompjeeën am Asaz. Et gouf kee blesséiert.